De Lionel Ollinger gëtt Generaldirekter vun der FLT

27.02.2025

10.10.2024

10.06.2025 Divers

De Lionel Ollinger gëtt Generaldirekter vun der FLT

No engem strukturéierte, grëndlechen a mat vill Beméiung gefouertem Selektiounsprozess, hu mir de grousse Pleséier, Iech den Numm vum neie Generaldirekter vun der Lëtzebuerger Tennisfederatioun matzedeelen.

Vu September 2025 u wäert de Lionel Ollinger d'Ekipp vun der FLT als Directeur Général verstäerken.

De Lionel Ollinger, 53 Joer, ass am Moment Generaldirekter vum FC Metz Stadium. Am Tennis ass hie säit längerem a Frankräich benevole engagéiert, dëst als President vun der Ligue du Grand Est a Vizepresident vun der franséischer Federatioun. En ass och Member vum ITF Board.

D'FLT gesäit hien als Federatioun vun de Clibb, bei däer d'Proximitéit néideg ass, fir den Tennis, Padel a Pickleball ze stäerken. Dat, wat gutt funktionéiert, soll bäigehale ginn, weider Projet méi séier virugedriwwe ginn, souwuel am Massesport wéi um héijen Niveau.