D’SEAT Lëtzebuerg Billie Jean King Cup Team verléiert géint Irland
D’SEAT Lëtzebuerg Billie Jean King Cup Team verléiert géint Irland
D’SEAT Lëtzebuerg Billie Jean King Cup Ekipp huet sech um leschten Dag an der Grupp ëmm d'Plaz véier an der Europa Grupp III zu Chisinau a Moldawie misse matt 1:2 géint Irland geschloe ginn. Am éischte Simpel huet d’Laura Palumbo no staarker Leeschtung matt 6:7, 2:6 géint d'Sinead Lohan verluer. D’Eléonora Molinaro konnt matt enger ganz staarker Leeschtung mam Score vun 6:1 an 6:2 géint d'Celine Simunyu fir Lëtzebuerg ausgläichen.
Spannend goung et am entscheedenden Dubbel weider, an deem sech d‘Lucie Rabiot an d‘Eléonora Molinaro am Kampf ëmm déi véiert Plaz an der Europa Grupp III dem Duo Anna Bowtell/Breda Brennan mat 6:7 a 4:6 hu misse geschloe ginn.
D'SEAT Lëtzebuerg Billie Jean King Cup Ekipp, déi aus erfuerene Spillerinnen an och jonken Talenter zesumme gesat war, kann awer zefridden an d‘Zukunft kucke fir eventuell d'nächst Joer an der selwechter Grupp eng Plaz ënnert den éischten 3 unzestriewen.
Weider Informatiounen an d'Resultater sinn op der Säit vum Billie Jean King Cup ze fannen: https://www.billiejeankingcup.com/en/draws-results/2025/group-iii?region=group-iii-europe