BJKC: Lëtzebuerg setzt sech géint Malta duerch

04.08.2025
Tennis national/international

Small States Championships um ...

Och dëst Joer ... Lire la suite


26.06.2025
Tennis national/international

De Chris Rodesch huet sech an ...

Mat engem ... Lire la suite


24.06.2025
Tennis national/international

D’SEAT Lëtzebuerg Billie Jean ...

D’SEAT ... Lire la suite


19.06.2025 Tennis national/international

BJKC: Lëtzebuerg setzt sech géint Malta duerch

An der éischter Renconter an de Placéierungsspiller fir d'Plaze véier bis sechs vun der Europa Grupp III konnt sech d'SEAT Lëtzebuerg Billie Jean King Cup Ekipp en Donneschdeg zu Chisinau a Moldawien eng 2:1-Victoire géint Malta sécheren. D'Laura Palumbo huet sech am Eenzel an engem gudde Match dem Elaine Genovese, enger erfuerener Géignerin, misse mat 4:6, 4:6 geschloe ginn. Am zweeten Simpel huet d'Eléonora Molinaro taktesch iwwerzeegt a konnt duerch eng 7:5, 6:2-Victoire géint d'Emma Montebello ausgläichen. 

Beim Stand vun 1:1 koum et dunn zum entscheedenden Dubbel. Hei konnten d'Lucie Rabiot an d'Eléonora Molinaro iwwerzeegen. D'FLT-Spillerinnen hunn hire Géignerinnen aus Malta keng Chance gelooss a sech mat 6:4 a 6:2 géint den Duo Genovese/Montebello duerchgesat. Domadder hu si Lëtzebuerg an der Course gehal, fir e Samschdeg géint Irland ëmm déi véiert Plaz ze spillen. E Freideg ass d'SEAT Lëtzebuerg Billie Jean King Cup Team spillfräi. 

Weider Informatiounen an d'Resultater sinn op der Säit vum Billie Jean King Cup ze fannen.