BJKC: Lëtzebuerg verléiert géint Finnland

19.05.2026
Compétitions FLT

Mesures de Chaleur

Après ... Lire la suite


19.05.2026
Compétitions FLT

Studentenjob

Du bass um ... Lire la suite


19.05.2026
Compétitions FLT

Seat League 2026

Gëschter ass ... Lire la suite


18.06.2025 Tennis national/international

BJKC: Lëtzebuerg verléiert géint Finnland

D'SEAT Lëtzebuerg Billie Jean King Cup Ekipp huet sech um drëtte Spilldag an der Europa Grupp III zu Chisinau a Moldawie misse matt 0:2 géint staark opspillend Finninne geschloe ginn.  Am éischten Eenzel huet d'Eléonora Molinaro mat 2:6 a 4:6 géint d'Laura Hietaranta de Kierzeren gezunn. Am zweete Simpel huet d'Marie Weckerle am Duell tëscht de béiden Nummer 1. mat 3:6, 3:6 géint d'Anastasia Kulikova verluer. Den Dubbel gouf am Uschloss net méi gespillt.

No Victoirë géint Island a Montenegro an der Defaite géint Finnland schléissen d'FLT-Spillerinnen d'Poule A op der zweeter Plaz of a spille vun en Donneschdeg un géint déi weider Zweetplacéiert aus der Gruppephas ëmm d'Plaze véier bis sechs. 

Weider Informatiounen an d'Resultater sinn op der Säit vum Billie Jean King Cup ze fannen.

 

Fotoen: FLT/Claire Pepin