BJKC: Zweet Victoire fir Lëtzebuerg
BJKC: Zweet Victoire fir Lëtzebuerg
D'SEAT Lëtzebuerg Billie Jean King Cup Team konnt sech an der Europa Grupp III zu Chisinau a Moldawien eng weider Victoire sécheren. Nom 3:0 géint Island e Méindeg, gouf et um zweete Spilldag en 3:0-Succès géint Montenegro.
Am Eenzel konnt sech d'Lucie Rabiot souverän mat 6:1, 6:3 géint d'Petra Mirkovic duerchsetzen, d'Eléonora Molinaro huet eng méi emkämpfte Partie mat 6:4, 6:4 géint d'Tea Nikcevic gewonnen. Am Dubbel koum d'Onalee Wagner, un der Säit vum Laura Palumbo, fir d'éischte Kéier am Billie Jean King Cup an den Asaz. Beim Stand vu 5:0 fir Lëtzebuerg huet sech den Duo aus Montenegro wéinst enger Verletzung missten zréckzéien.
E Mëttwoch spillen d'FLT-Damme vun 11.30 Auer Lokalzäit (10.30 Auer Lëtzebuerger Zäit) u géint Finnland ëmm déi éischt Plaz an der Grupp A. Finnland huet sech a sengen zwou éischte Rencontere grad ewéi Lëtzebuerg jeeweils mat 3:0 géint Montenegro an Island duerchgesat.
Weider Informatiounen an d'Resultater sinn op der Säit vum Billie Jean King Cup ze fannen.
Am Kader vun der Kapitänin Claudine Schaul steet nieft dem Lucie Rabiot, Eléonora Molinaro, Onalee Wagner a Laura Palumbo och nach d'Marie Weckerle.
Fotoen: FLT/Claire Pepin