BJKC: Lëtzebuerg gewënnt kloer géint Island

19.05.2026
Tennis national/international

MIR SICHEN DECH!

MIR SICHEN ... Lire la suite


19.05.2026
Tennis national/international

Laura Correia a Metti Reiter ...

Laura Correia a ... Lire la suite


19.05.2026
Tennis national/international

D’FLT sicht een oder eng ...

D’FLT sicht een ... Lire la suite


16.06.2025 Tennis national/international

BJKC: Lëtzebuerg gewënnt kloer géint Island

D'SEAT Lëtzebuerg Billie Jean King Cup Team konnt sech fir den Optakt vun de Rencontere vun der Europa Grupp III zu Chisinau a Moldawie mat 3:0 géint Island duerchsetzen. D'FLT-Spillerinne waren hiren Géignerinne kloer iwwerleeën. Am Eenzel gouf et deemno eng 6:0, 6:1-Victoire fir d'Lucie Rabiot géint d'Anna Soffia Gronholm souwéi eng 6:0, 6:2-Victoire fir d'Eléonora Molinaro géint d'Bryndis Rosa. Am Dubbel hu sech uschléissend d'Lucie Rabiot an d'Laura Palumbo mat 6:2, 6:1 géint den Duo Gronholm/Rosa duerchgesat.

An der Grupp A trëfft Lëtzebuerg muer an e Mëttwoch nach op Montenegro a Finnland. Vun en Donneschdeg u stinn dann d'Renconteren ëmm d'Placéierungen un. Am Kader vun der Kapitänin Claudine Schaul stinn nieft dem Lucie Rabiot, Eléonora Molinaro a Laura Palumbo och nach d'Marie Weckerle an d'Onalee Wagner.

Weider Informatiounen esou wéi d'Resultater fannt Dir zäitnoo op der Säit vum Billie Jean King Cup.

 

Fotoen: FLT/Claire Pepin