Summer Cups: D'U14-Jongen spillen um CNT zu Esch

19.05.2026
Tennis national/international

D’FLT sicht een oder eng ...

D’FLT sicht een ... Lire la suite


19.05.2026
Compétitions FLT

Billie Jean King Cup 2026

Op der ... Lire la suite


19.05.2026
Compétitions FLT

Kinder Joy of Moving Tennis ...

From 22 to 30 ... Lire la suite


18.06.2025 Tennis national/international

Summer Cups: D'U14-Jongen spillen um CNT zu Esch

Vum 25. bis de 27. Juni fënnt um CNT zu Esch de Summer Cups fir d'U14-Jonge statt. Lëtzebuerg gëtt hei duerch den Nick Wirtz, den Noé Rousseau, den Ethan Sunnen, souwéi de Lenny Muller als Ersatzspiller, vertrueden.

Am Qualifikatiounsgrupp B trëfft d'FLT-Selektioun op Dänemark, Estland, Finnland, Groussbritannien, Holland, Norwegen an d'Slowakei. Déi zwou bescht Natioune kommen an d'Phase finale.

Gespillt gëtt all Dag vun 11 Auer un, e Mëttwoch fënnt virum éischte Match d'Erëffnungsfeier statt. D'FLT-Spiller freeën sech um CNT iwwert all Ënnerstëtzung.

Weider Infoen ginn et op der Säit vun Tennis Europe. Hei fannt Dir kuerz virum Optakt och de Spillplang an d'Resultater.