Spiller vun de klenge Länner: 3x Gold an 2x Sëlwer fir d'FLT

03.06.2025
Tennis national/international

Kinder Joy of Moving beim TC ...

Mat vill Freed ... Lire la suite


20.05.2025
Tennis national/international

D'Ekipp fir de Billie Jean ...

D'Kapitänin ... Lire la suite


06.05.2025
Tennis national/international

Véier FLT-Spiller bei de ...

D'Marie ... Lire la suite


02.06.2025 Tennis national/international

Spiller vun de klenge Länner: 3x Gold an 2x Sëlwer fir d'FLT

D'FLT-Delegatioun kann op eng erfollegräich Participatioun un de Spiller vun de klenge Länner zu Andorra zréckblécken. 

Am Dubbel gouf et fir d'Lëtzebuerger Tennisspiller dräi Mol Gold. Bei den Dammen hunn sech d'Marie Weckerle an d'Eléonora Molinaro an der Finall géint en Duo aus Malta duerchsetzen, bei den Hären hunn den Alex Knaff an de Raphael Calzi géint Monaco gewonnen an am Dubbel mixte goung den Titel un d'Marie an den Alex.

Am Eenzel gouf et fir d'Marie an den Alex jeeweils Sëlwer. Bravo un d'FLT-Spiller. 

Begleet goufen si zu Andorra vum Claudine Schaul, Thibaud Jacques a Benjamin Chassin.

 

Fotoen: Pawel / FLA @fot.pawelskraba, FLT