National Championnater am Tennis

19.05.2026
Compétitions FLT

Billie Jean King Cup 2026

Op der ... Lire la suite


19.05.2026
Tennis national/international

Kinder Joy of Moving Tennis ...

From 22 to 30 ... Lire la suite


19.05.2026
Compétitions FLT

DAVIS CUP TICKETS - ...

Den ... Lire la suite


25.07.2025 Compétitions FLT

National Championnater am Tennis

Dëse Weekend ginn um CNT zu Esch déi national Outdoor-Championnater op en Enn. D'Final vun de Männer ass e Sonndeg um 14.30 Auer virgesinn, déi vun den Dammen um 16 Auer. D'Präisiwwerreechung ass am Uschloss géint 17.30 Auer. 

A béide Kategorien ginn d'Finalisten e Freideg an e Samschdeg nach ermëttelt. Bei de Männer hunn de Raphael Calzi (op Nummer 1 gesat), de Robi Tholl (2), de Gilles Kremer (3), den Noe Plique (4), de Yannick Baluska, de Christophe Tholl, de Charles Berna an de Gabriele Paolucci sech fir d'Véirelsfinalle qualifizéiert, bei den Damme stinn d'Else Vander Stichele (1), d'Onalee Wagner (2), d'Laura Correia (3), d'Tatiana Silbereisen (4), d'Claude Nosbusch, d'Zoé Heins, d'Liz Baddé an d'Maya Heintz an de Véirelsfinallen. 

Nieft den Titele bei den Dammen an Häere ginn och an de Jugendkategorien esou wéi bei de Seniors+ d'Landesmeeschter ermëttelt, dëst am Eenzel an am Dubbel.

D'komplett Resultater sinn zäitnoo online ze fannen