Davis Cup: Knaff a Gil Garcia am Eenzel, Knaff/Calzi am Dubbel

09.09.2025
Tennis national/international

Kinder Joy of Moving beim TC ...

Mat vill Freed ... Lire la suite


02.09.2025
Tennis national/international

D'SEAT Lëtzebuerg Davis Cup ...

Den 13. a 14. ... Lire la suite


19.08.2025
Tennis national/international

Small States Championships: ...

D'Julia Perera ... Lire la suite


12.09.2025 Tennis national/international

Davis Cup: Knaff a Gil Garcia am Eenzel, Knaff/Calzi am Dubbel

Fir d’SEAT Lëtzebuerg Davis Cup Team steet dëse Weekend d’Renconter am World Group I am Chile un. Nodeems de Chris Rodesch verletzungsbedéngt op en Asaz huet misse verzichten, setzt de Kapitän Gilles Muller am Eenzel op den Alex Knaff an den Aaron Gil Garcia, am Dubbel op den Alex Knaff a Raphael Calzi.

E Samschdeg trëfft am éischten Eenzel den Aaron Gil Garcia op de Cristian Garin (ATP 124), am zweeten Eenzel den Alex Knaff op den Tomas Barrios Vera (134).

E Sonndeg geet et da mam Dubbel weider, wou den Alex Knaff an de Raphael Calzi op den Duo Matias Soto (283)/Tomas Barrios Vera treffen. Am Eenzel stinn sech am Uschloss den Alex Knaff an de Cristian Garin souwéi den Aaron Gil Garcia an den Tomas Barrios Vera géigeniwwer.

Weider an der Ekipp vum Kapitän Gilles Muller sinn de Louis Van Herck an de Metti Reiter.

Gespillt gëtt am Parque Deportivo Estadio Nacional zu Santiago de Chile. E Samschdeg ginn d’Matcher um 17 Auer Lokalzäit (22 Auer Lëtzebuerger Zäit) un, e Sonndeg um 16 Auer Lokalzäit (21 Auer Lëtzebuerger Zäit).

 

Fotoen: Laure Felgen/FLT