Davis Cup: Lëtzebuerg läit nom 1. Dag am Chile mat 0:2 hannen

12.09.2025
Tennis national/international

Davis Cup: Knaff a Gil Garcia ...

Fir d’Renconter ... Lire la suite


09.09.2025
Tennis national/international

Kinder Joy of Moving beim TC ...

Mat vill Freed ... Lire la suite


02.09.2025
Tennis national/international

D'SEAT Lëtzebuerg Davis Cup ...

Den 13. a 14. ... Lire la suite


14.09.2025 Tennis national/international

Davis Cup: Lëtzebuerg läit nom 1. Dag am Chile mat 0:2 hannen

Um éischte Spilldag an der World Group 1 am Davis Cup am Chile  huet sech d'SEAT Lëtzebuerg Davis Cup Team  missten a béiden Eenzel geschloe ginn.

Den Aaron Gil Garcia huet an engem intensive Match iwwer dräi Sätz gekämpft, mee war um Enn mat 2:6, 7:6, 2:6 dem Christian Garin, Nummer 124 am ATP-Ranking, ënnerleeën.

Duerno ass den Alex Knaff géint den erfuerene Chilenen Tomas Barrios Vera ugetrueden. Trotz gudde Momenter um Terrain konnt hien de Match net dréinen an huet mat 1:6, 2:6 verluer. Domadder läit Lëtzebuerg nom éischten Dag mat 0:2 hannen.

Och wann d’Resultater net zu Gonschte vu Lëtzebuerg ausgefall sinn, hunn d’FLT-Spiller hiert Bescht ginn a wichteg Erfarung gesammelt géint eng staark chileenesch Ekipp. Um Sonndeg geet et um 16 Auer Lokalzäit (21 Auer Lëtzebuerger Zäit) weider mam Dubbel vum Alex Knaff an dem Raphael Calzi géint den Duo Matias Soto/Tomas Barrios Vera.


De Gilles Muller zum Match vum Aaron Gil Garcia: “En huet e gudde Match gemaach, vläicht am Ufank eng Grëtz nervös, eng Grëtz e bësse crispéiert, wat awer total normal war. Dunn huet e richteg gutt an de Match era fonnt, 2. Saz gewonnen, och den 3. Saz, do huet him da vläicht e bëssen d’Erfarung gefeelt, an deene puer wichtege Momenter huet e vläicht e bëssen ze séier gespillt, vläicht ze séier de Punkt, de Winner gesicht, onnéideg Feeler gemaach, mee am Grousse Ganze wierklech eng ganz positiv Prestatioun vum Aaron géint de Garin. En ass definitiv elo an der Ekipp ukomm.”

An zum Match vum Alex Knaff: “Beim Alex war et e bëssen de Contraire, schlecht an de Match era fonnt an ni wierklech de Wee fonnt, de Rhythmus fonnt. En huet géint e Géigner gespillt, deen och ganz desagreabel war, ganz vill Drock gemaach huet op der Grondlinn. Den Alex war relative schnell ëmmer an der Defense, ëmmer hannen op den Talleken, hannert der Grondlinn.”

 

Fotoen: Laure Felgen/FLT