Davis Cup: Lëtzebuerg verléiert géint Chile

14.09.2025
Tennis national/international

Davis Cup: Lëtzebuerg läit ...

Um éischte ... Lire la suite


12.09.2025
Tennis national/international

Davis Cup: Knaff a Gil Garcia ...

Fir d’Renconter ... Lire la suite


09.09.2025
Tennis national/international

Kinder Joy of Moving beim TC ...

Mat vill Freed ... Lire la suite


15.09.2025 Tennis national/international

Davis Cup: Lëtzebuerg verléiert géint Chile

D’SEAT Lëtzebuerg Davis Cup Team huet sech an der Renconter vun der World Group 1 mat 0:4 misse géint Chile geschloe ginn.

Um zweete Spilldag hunn den Alex Knaff an de Raphael Calzi hiren Dubbel an engem emkämpfte Match mat 2:6, 6:4, 3:6 géint de chileeneschen Duo Tomas Barrios Vera (ATP 134)/Matias Soto (283) verluer. Am uschléissenden Eenzel stoung de Louis Van Herck, deem seng éischt Nominatioun am SEAT Davis Cup Team Lëtzebuerg et war, dem Daniel Antonio Nunez  (790) géigeniwwer. Hei huet de Lëtzebuerger mat 6:7 (2:7), 6:4, 4:10 de Kierzere gezunn.

Um éischte Spilldag am Parque Deportivo Estadio Nacional zu Santiago de Chile haten den Alex Knaff an den Aaron Gil Garcia hier Eenzel verluer. Weider am Kader vum Kapitän Gilles Muller war de Metti Reiter. Fir d’SEAT Lëtzebuerg Davis Cup Team geet et elo an der nächster Renconter Ufank 2026 dorëm, d’Plaz an der Weltgrupp 1 ze verdeedegen.


Reaktioun vum Kapitän Gilles Muller zu de Matcher um Sonndeg: “Den Alex an de Raph hunn u sech e ganz gudde Match gemaach. Wéi sou oft op deem Niveau vläicht um Ufank e bëssen ze vill nervös, ze vill crispéiert. Ech menge schonn, dass d’Ambiance, d’Stëmmung an der Arena schonn e klengen Impakt op se hat, well dat awer schonn zimmlech impressionnant war. Et war zimmlech haart mat Momenter, och mat Momenter e bëssen hëtzeg. Mir hunn dono richteg gutt an de Match erafonnt, zweete Saz gewonnen, wierklech ganz gutt Performance vun hinnen zwee. An jo, am drëtte Saz leeft villes schif, do ass wierklech e bëssen onglécklech, dass se do schnell e Break hanne sinn. Do haten se Spillbäll a Breakbäll an den éischten dräi Jeuxen. Dat ass dann net wierklech an eis Richtung gaangen. Schued, dass se dee Match dono verléieren, do wier eppes dra gewiescht. Dem Louis säin Eenzel och. Zweemol fir de Saz zerwéiert am éischte Saz an da Supertiebreak e bëssen e Katastrophenstart, relativ schnell 6 oder 7:0 hannen, do ass et dann natierlech schwéier fir zréckzekommen. Insgesamt verléiere mer 4:0, et muss ee ganz kloer soen, dass déi aner besser waren. Ech menge mir sinn an dee Match eragaange mam Wëssen, dass et géif ganz sauer ginn, mee ech muss awer éierlech soen, et si verschidde Saachen, déi ech einfach gesinn hunn, déi mech houfreg maachen, wou d’Jongen sech gutt duerchgebass, duerchgekämpft hunn. Batter Néierlag, ech verléieren net gären, dofir sinn ech och wierklech enttäuscht, mee et sinn awer positiv Saachen dobäi. Kucken, wéi et dann an der Zukunft weider geet.”

 

Fotoen: FLT/Laure Felgen