TENNIS A CORONAZÄITEN. E Message vun der FLT.

18.03.2024
Compétitions FLT

Championstitele fir d'Else ...

Dëse Weekend ... Lire la suite


04.03.2024
Compétitions FLT

TC Arquebusiers an TC Esch ...

D'Titelen an der ... Lire la suite


27.02.2024
Compétitions FLT

Corporate Tennis 2024 - ...

Inscrivez-vous ... Lire la suite


20.04.2020 Compétitions FLT

Léif Tennisspiller,

Léif Tennisspillerinnen,

De CORONAVIRUS (COVID-19) huet eist Liewen, hei an iwwert eis Grenzen eraus, fest am Grëff. D'FLT huet d'Moossnamen déi geholl goufe fir d'Gesondheet vun de Leit ze schütze voll a Ganz ënnerstëtzt. Verantwortungsvoll handelen ass an dëser Kris wichteg. 

Dofir huet d'FLT zesumme mat de Veräiner och all Kompetitiounen, all d'Tennisschoulen, all d'Championnater an all tennisspezifesch Infrastrukturen direkt ënnerbrach an zougemaach fir eise Bäitrag an dëser Kris ze leeschten.

Ouni an Euphorie ze verfalen si mir frou, dass déi deelweis immens wäitreechend Moossnamen déi erhofften Erfolleger schéngen ze bréngen.

Mir wëllen awer elo, wou et ab haut dem 20. Abrëll a verschiddene Phase Richtung Deconfinement geet, an nodeems de Sportminister annoncéiert huet, dass Sportsaktivitéiten an noer Zukunft méiglech wären, op déi positiv Auswierkunge vu Sport am Allgemengen an Tennis als Individualsportart am Speziellen opmierksam maachen.

Dofir wollte mir Iech matdeelen, dass d'Lëtzebuerger Tennis Federatioun Kontakt mam Sportminister opgeholl huet fir déi extraordinär Situatioun vum Tennis ze erkläre mam Zil eng schrëttweis Reouverture vun den Tennissitten, natierlech ënner strenge Virsiichtsmoossnamen, an den nächste Wochen ze erreechen.

D'Lëtzebuerger Tennis Federatioun ass sech hirer Verantwortung vis-a-vis vun der Gesellschaft bewosst, genee esou awer och hirer Roll als Vertrieder vun eiser Sportaart an dofir wäerte mir d'Virdeeler vun der Reouverture vun den Tennissitte beim Här Sportminister aktiv vertrieden an d'Virsiichtsmoossnamen zesumme mat de Vertrieder vum Sportsministère diskutéieren. Et geet eis drëm zesummen eng Léisung ze fannen.

D'FLT wäert Iech au courant halen a seet alle Spiller a Spillerinnen, genee esou wéi de Veräinskommitteeën, Memberen, Trainer a Frënn vum Tennissport Merci fir d'Gedold an d'Hëllef beim Andämme vum Coronavirus. 

Bleift gesond.

Mat sportleche Gréiss

Den CA vun der Lëtzebuerger Tennisfederatioun