Äddy Aly

09.02.2024

28.01.2024

16.01.2024

21.04.2023 Divers

Äddi Aly

Den Tennis zu Lëtzebuerg ass an Trauer. Mir kruten déi immens traureg Nouvelle dass den Aly Muno, eisen FLT Vizepresident, gestuerwen ass.

Tennis war e ganz wichtegen Deel am Aly sengem Liewen. Tennis war och ëmmer méi wéi just eng Niewebeschäftegung, et war eng benevole Aufgab déi hie mat ganz vill Passioun erfëllt huet.

De Conseil d'Administration vun der Lëtzebuerger Tennis Federatioun seet dem Aly MERCI fir säin onermiddlecht Engagement fir de Lëtzebuerger Tennis a schwätzt senger Famill a senge Frënn säin häerzlechst Bäileed aus.

Mir wäerten dech vermessen, mee mir wäerten dech ni vergiessen.