Kinder Joy of Moving beim TC Sandweiler
Kinder Joy of Moving beim TC Sandweiler
Mat vill Freed hunn d'Nowuesspiller um Kinder Joy of Moving Tennis Trophy beim TC Sandweiler deelgeholl. Gléckwonsch un all Participant.
Follgend Spiller hu sech duerchgesat:
U10 Meedercher: Giulia Valente-Ortale (Finalistin: Alessia Trif)
U10 Jongen: Sebastian El Fadhel (Finalist: Stanislas Jotic)
U12 Meedercher: Julie Santer (Finalistin: Maya Carmel Tokatli Hannon)
U12 Jongen: Noah Dubosq (Finalist: Kolos Kagy)
De Fair Play Trophy ass un d'Eliseo Chavarria gaangen, dat direkt zweemol méi wéi 15 Minutten op d'Géignerin gewaart huet, fir secherzestellen, dass d'Matcher konnte gespillt ginn.
D'Gewënner an de Kategorien U10 an U12 hunn um Enn vum Joer d'Méiglechkeet, um Masters Kinder Joy of Moving an der Rafa Nadal Academy deelzehuelen.